Diddeleng reorganiséiert sech, Arlindo de Sousa op Iechternach

De Zoltan Fejer-Konnerth an den DT Diddeleng mussen an Zukunft ouni de Mike Bast an de Christian Kill auskommen.
Den amtéierenden Doublé-Gewënner Diddeleng gëtt zwee Spiller of a kritt zwee Neier an d'Plaz. Iwwerdeems verléisst den Arlindo de Sousa d'Union.
De Champion vun Diddeleng huet sech fir déi nächst Saison missen nei organiséieren, dat well mam Mike Bast a mam Christian Kill zwee Spiller aus der éischter Ekipp de Club verlooss hunn. De Mike Bast zitt et op Uewerdonwen, wou hien awer wuel nëmme méi hobbyméisseg wäert spillen.
Ee weidere Verloscht ass de Christian Kill, deen de Veräin a Richtung Lénger verléisst. Ob den DTD elo déi nächst Saison méi schwaach opgestallt ass, wäert sech wuel am Laf vun der Saison weisen, op alle Fall weist näischt dorop hin. Si hunn nämlech mam Fabio Santomauro ee staarken an erfuerene Mann bäikritt. Den zweeten neie Spiller ass sécherlech och eng Verstäerkung, well mam Joao Aguiar konnte si sech d'Déngschter vun engem vun de beschte Jugendspiller aus dem Land sécheren. Mam Stephany Noah kënnt nach ee weidere jonke Spiller bei de Veräin vun Diddeleng.
De gréisste Konkurrent an der ofgelafener Saison war den DT Houwald, ma den DT Iechternach huet sech fir déi nächst Saison och gutt verstäerkt. Mam Arlindo de Sousa wiesselt nämlech ee vun de beschte Lëtzebuerger Dëschtennis-Spiller op Iechternach. Domat verléisst hien d'Union, wou hien an der vergaangener Saison, wéinst interne Problemer, och net méi vill gespillt huet. De Sousa verstäerkt also d'Ekipp ëm den Traian Ciociu, den Evgheni Dadechin, den Eric Thillen an de Kevin Kubica.
Iechternach huet awer nach ee weidere gudden Transfert ze verzeechnen. Si konnte sech nämlech nach mam Ariel Barbosa verstäerken. Déi jonk talentéiert Spillerin kënnt vum DT Bäerdref.
D'Ekipp vu Wolz huet mam Tommy Danielsson zwar ee gudde Spiller verluer, ma si hu mam Vincent Piron, deen aus der Fiels kënnt, ee méi ewéi passenden Ersatz fonnt.
Den Danielsson verléisst de Veräin a Richtung Wëntger. Den DT Wëntger huet awer zwee wichteg Leit verluer, d'Martine Simon an de Philippe Jottay wiesselen nämlech vu Wëntger op Recken.
Nodeems d'Union mam Fabio Santomauro a mam Arlindo de Sousa zwee Spiller aus der 1. Ekipp verluer huet, verléisst och den Alexander Fischer de Veräin. Den däitsche Spiller wiesselt op Kleinheubach an Däitschland.
Da gëtt et nach ee weideren interessanten Transfert, well de jonken Dennis Huberty wiesselt vun Zéisseng op Mainz a wäert an Zukunft also an Däitschland spillen.