Dëschtennis-WM fir Senioren
Traian Ciociu wënnt Gold am Dubbel

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)
Zu Las Vegas huet den Traian Ciociu, zesumme mam Georg-Zsolt Böhm, d’Goldmedaile am Dubbel an der Kategorie vun den iwwer 55-Jähreje gewonnen.
An der WM-Consolation Dubbel huet de Val Langehegermann mat sengem däitsche Partner Rudy Fritzinger déi éischt Plaz gemaach.
An d’Olga Nemes, dat och zu Lëtzebuerg lizenzéiert ass, verléiert eréischt an der Halleffinall vun den Dammen iwwer 50 géint eng Spillerin aus dem Taiwan.
Am meeschte gelies