Volleyball: Challenge Cup
VC Fenteng kritt et bei Première mat Lissabon ze dinn

© RTL Télé Lëtzebuerg
E Freideg war den Tirage vun den europäesche Klubcompetitiounen am Volleyball. Eng éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht ass de VC Fenteng mat dobäi.
Den Doublégewënner muss am éischten Tour géint déi portugisesch Ekipp vu Lissabon untrieden.
Bäi den Dammen ass nach net ganz kloer wien de Géigner vum Chev Dikrech wäert sinn. Entweder spille si géint Kastrioti Ferizaj aus dem Kosovo oder géint Olympiakos Piräus aus Griicheland. Piräus huet déi lescht Saison den Challenge Cup bei den Damme gewonnen.
Am meeschte gelies