D'Ni Xia Lian steet an der Weltranglëscht vum Juli 2018 esou gutt do, ewéi zanter Oktober 2007 net méi.

D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin klëmmt ëm 5 Plazen a steet elo op der 36. Plaz an der Weltranglëscht. Iwwerdeems verléiert d'Sarah de Nutte awer weider u Buedem a fält op déi 80. Plaz zeréck.

Wat d'Weltranglëscht vun de Länner ugeet, do stinn d'Lëtzebuerger Dammen nach ëmmer op der gudder 16. Plaz. D'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte stinn am Dubbel op der Plaz 16.

Bei den Häre steet een net ganz esou wäit uewen, ma mam Eric Glod a mam Luka Mladenovic huet een zwee Spiller an den Top 200 vun der Weltranglëscht. Den Eric Glod steet op der 173. Plaz an de Luka Mladenovic mécht e Sprong op déi 192. Plaz.