Ännerung bei der Auslänner-Regelung vu Majoritéit ugeholl

© Marc Burelbach
Um Donneschdeg hat d’Volleyball-Federatioun op hir uerdentlech Generalversammlung invitéiert. Dobäi goufen et keng Gréisser Iwwerraschungen.
No der Begréissung vun de lokalen Autoritéiten aus Gemeng a COSL huet de President vun der FLVB Guy Erpelding mat enger Gedenkminutt un de verstuerwene Frunnes Maroldt erënnert, éier hien déi vergaange Saison Revue passéiere gelooss huet. Dobäi huet hien och d’Situatioun vun den Arbittere ferm kritiséiert. Wéi a villen anere Sportaarte gëtt et ee Manktem un Arbitteren. Dobäi kënnt, datt der vill op de leschte Stinn, déi op de Weekender trotzdem net am Asaz sinn, sou de President.
Um Niveau vun den Nationalekippen hunn d'Juniore souwuel bäi de Jonge wéi bäi de Meedercher Goldmedailen an der Small Countries Division gewonnen. D’Dammen haten d’lescht Saison keng offiziell europäesch Competitioun an den Héichpunkt fir d’Häre läit mat der Europameeschterschaftsqualifikatioun am August nach virun eis.
Optimistesch ass de President, fir geschwënn eng Beachvolleyballshal zu Lëtzebuerg stoen ze hunn, fir och op dësem Plang méi professionell schaffen ze kënnen.
Finanziell gesinn ass et fir d'Federatioun weider en Challenge, d’Enner beieneen ze kréien.
Och d'Personalwiessel am leschte Joer goufen ugeschwat an explizéiert. Dem neien techneschen Direkter huet hien alles guddes gewënscht an d’Veräiner opgeruff matzeschaffen amplaz dogéint.
E weidere Punkt deen dem Guy Erpelding Kappzerbrieches mécht, ass déi nei Dateschutzveruerdnung, wou een amgaang ass, verschidde Solutiounen ze analyséieren.
Sämtlech Rapporte vun de verschiddene Kommissioune goufen duerno unanime ugeholl.
Donieft goufen Ännerungen am ROI wat Auslänner-Regelung ugeet mat der Majoritéit ugeholl. An Zukunft gëtt am Volleyball keen Ënnerscheed méi tëschent EU- a Net-EU-Auslänner gemaach.