Vill Sport a Spaass um Volleyball-Tournoi zu Bartreng
Wann zu Lëtzebuerg 400 Leit zesummen während 2 Deeg Volleyball op der Wiss spillen dann ass zu Bartreng nees Mixed Open Air.
D’ Editioun 2018 wor schonn déi 30st an déi gouf och anstänneg gefeiert.
Volleyball gouf awer och gespillt. Wéi den Tournoi 1988 eng éischte Kéier organiséiert gouf wor net ofzegesinn datt de Succès soulaang kéint unhalen, deemno zéien déi Responsabel e ganz positive Bilan.
Datt den Succès esou grouss ass huet och mam spezielle Charme vum Tournoi ze dinn.
Eng Mammutt Organisatioun déi ouni d’ Hëllef vu Benevolen an der Bartrenger Gemeng net ze meeschtere wier, déi Leit aus ganz Europa zesummebréngt fir Sport ze maachen, zesummen ze feieren an déi Spuren hannerléisst. Et wier flott wann dess Traditioun nach opmannst weider 30 Joer géng weidergefouert ginn.