D'FLVB-Selektioun huet sech vill virgeholl

© RTL-Archivbild
Et wëll ee sech onbedéngt qualifizéieren a well un der EM esou vill Ekippe wéi nach ni deelhuelen, stinn d'Chancen och esou gutt wéi nach ni.
Déi eng preparéieren hir wuelverdéngte Vakanz, déi aner verbréngen de gréissten Deel vun der Zäit an der Sportshal. Esou och d'Lëtzebuerger Häre- Volleyballnationalekipp, déi d'Europameeschterschafts-Qualifikatioun Mëtt August virbereet - a si huet sech vill virgeholl.
Et ass fir d'éischt, datt d'Europameeschterschaft am Volleyball mat 24 Ekippe gespillt gëtt. Matt de Progrèsen aus de leschte Jore stinn d'Chancen op eng Qualifikatioun fir d'Finalronn esou gutt wéi nach ni. An engem Pool mat Griicheland, Schweden an dem Aserbaidschan ginn am Ganzen 3 Allez-Retouren, also 6 Matcher gespillt. 4 dovun elo am August.
D'lescht Joer ware mat Rychlicki, Zuidberg a Braas gläich 3 Pilieren aus der Nationalekipp als Vollprofi op héchstem europäeschem Niveau ënnerwee. Zënter Mee scho gëtt reegelméisseg trainéiert, un Athletik an Technik geschafft. De Nationaltrainer Dieter Scholl ass dann och mat der Virbereedung bis ewell ganz zefridden a freet sech op déi kommend Wochen, déi d'Lëtzebuerger als éischt an der Schwäiz an duerno a Slowenien verbréngen.
Zesumme mat Éisträich, Kamerun, Kroatien an der Schwäiz gëtt dann um Finetuning geschafft, éier et direkt weider a Griicheland op den éischte Qualifikatiounsmatch geet. D'Ziler, déi de Lëtzebuerger Coach virginn huet, si ganz ambitiéis: "Wir wollen uns qualifizieren, das ist das klare Ziel."
Dofir missten d'Lëtzebuerger dann op d'mannst Zweete ginn. 7 Punkten aus 4 Matcher oder anescht ausgedréckt 2 kloer Victoiren an eng knapp Defaite wëllen d'Rout Léiwen aus den éischte 4 Matcher matbréngen.
E Problem kéint et an der Breet vum Kader ginn: "Ich glaube, dass wir in der Spitze noch besser geworden sind als in den vergangenen Jahren. Dadurch, dass einige Spieler aufgehört haben, sind wir in der Breite qualitativ nicht mehr ganz so gut aufgestellt."
Virmierke sollt ee sech jiddefalls scho mol déi 2 Matcher heiheem, wou FLVB-Selektioun den 18. August géint Aserbaidschan an de 25. August géint Schweden an der Coque untrëtt.