An der Europameeschterschaftsqualifikatioun am Volleyball hunn d’Lëtzebuerger Häre fir den Optakt 0:3 a Griichenland verluer.

D’FLVB Selektioun huet zwar an deenen 3 Sätz gutt matgehalen a war am zweete Saz och laang am Avantage, mä d’Griiche waren um Enn eng Nummer ze staark. D’Resultat an de Sätz war 2 mol op 21 an 1 mol op 20 Punkten.

E Samschdeg spillen Rout Léiwen dann den éischte Match an der Campagne heiheem. De Géigner ass den Aserbaidschan, deen e Mëttwoch iwwerraschend 3:2 géint Schwede gewonnen huet.