Knapps Defaite géint Aserbaidschan
No engem 0:2-Satzréckstand kënnt d'Lëtzebuerg nach eng kéier op 2:2 zeréck mee verléiert dann awer nach mat 2:3.
Nodeems Lëtzebuerg den éischte Match géint de Gruppefavorit Griicheland verluer huet, war et fir Lëtzebuerg zimlech wichteg géint Aserbaidschan Punkte matzehuelen.
Am 1. Saz hunn d'Lëtzebuerger ëm de Kamil Rychlicki och richteg gutt matgehalen an et war ganz spannend. Nodeems se mat 19:22 am Réckstand waren, hunn se dëse nees opgeholl an hate souguer 4 Sazbäll mee konnten dës net notzen a verléieren den éischte Saz mat 28:30.
Am Ufank vum 2. Saz ass Lëtzebuerg ëmmer nees engem Réckstand hannendru gelaf. Mee an der Halschent vun dësem Saz hunn se et zu hire Gonschte gedréint a louchen no enger gudder Phase mat 19:16 a Féierung. Dono waren et awer nees eng Partie Feeler duerch déi d'Lëtzebuerger nees a Réckstand gerode sinn a loossen sech dëse Saz nach mat 23:25 huelen. Zwee Sätz déi een onglécklech aus der Hand ginn huet a wou duerchaus méi dra war.
Am 3. Saz ass et da schonn ëm alles gaangen an d'Lëtzebuerger stoungen mam Réck zur Mauer. Et huet awer guer net ugefaangen an se louche séier mat 2:9 am Réckstand. Dono konnt Lëtzebuerg ëmmer nees op 2-3 Punkten erukommen mee ëmmer ërem konnten d'Aserbaidschaner sech nees ofsetzen. Mee kuerz virun Enn haten d'Lëtzebuerger nees eng staark Phase, konnten a Féierung goen an hunn dëse Saz mat 25:23 fir sech entscheet.
Sou huet sech Lëtzebuerg e weidere 4. Saz erspillt an deen hate se sech och wierklech verdéngt. Dee war immens ausgeglach an et konnt sech bis zum 15:15 kee vun deenen 2 ofsetzen. Ab deem Moment hunn d'Lëtzebuerger awer staark gespillt a sinn mat 21:16 a Féierung gaangen. Dëse Virsprong hu se sech dann och net méi huele gelooss a gewannen mat 25:20 an et ass zum entscheedenden 5. Saz komm.
De leschten a 5. Saz huet awer nees net gutt ugefaangen a Lëtzebuerg war séier mat 0:3 am Réckstand. Aserbaidschan konnt dëse Virsprong och déi ganzen Zäit halen a souguer nach ausbauen. Sou gewannen se dëse Saz dann och souverän mat 15:11.
Aus dësem Match géint Aserbaidschan huelen d'Lëtzebuerger 1 Punkt mat an hunn elo am ganzen och 1 Punkt um Kont stoen. Aserbaidschan dogéint huet elo 4 Punkten. Nächste Mëttwoch spillt Lëtzebuerg elo géint Schweden wou se dann awer scho bal gewanne mussen fir eng Chance ze hunn d'Gruppephase ze iwwerstoen.