No 2 Defaiten aus 2 Matcher: FLVB-Selektioun net zefridden

Et wier méi dra gewiescht, virun allem géint den Aserbaidschan. Dëst huet sech d'FLVB-Selektioun no der 2. Defaite virgehäit.
Nodeems d'Häre-Volleyballnationalekipp hiren éischte Match an der Europameeschterschaftsqualifikatioun 0:3 a Griicheland verluer huet, wollte si et am Heemmatch géint den Aserbaidschan e Samschdeg den Owend besser maachen. Mee och hei stoung um Enn eng 2:3 Heem-Néierlag zu Buch. Zwee Matcher, zwou Defaiten, d'Erwaardunge konnte bis elo nach net erfëllt ginn.
No zwou Defaiten an deene éischten zwee Matcher steet ee mat engem Punkt op der drëtter Tabelleplaz, punktgläich mam nächste Géigner Schweden. Nieft enger gewëssener Ufanksnervositéit huet et géint den Aserbaidschan virun allem an der Ufanksphase un der néideger Astellung zum Match gefeelt, sou den 21 Joer alen Nationalspiller Kamil Rychlicki.
Et war net dat Resultat, dat ee sech erwaart huet, et wier méi dra gewiescht an esou ass een natierlech net zefridden. Nieft der Astellung huet et dem Lëtzebuerger Tim Laevaert och deels un der Ëmsetzung vun den taktesche Consignë gefeelt.
Et muss een awer och déi positiv Saachen aus deenen éischten zwee Matcher ervirhiewen. De Wëlle kann een der Ekipp ronderëm hiren Trainer Dieter Scholl net ofschwätzen. Dass d'Breet am Kader och stëmmt, huet de Match géint den Aserbaidschan gewisen, esou den Tim Laevaert. D'Qualitéit bei der Lëtzebuerger Nationalekipp ass also do.
D'Zil, wat ee sech virun der Qualifikatiounscampagne gesat huet, 7 Punkten um Enn vun der Campagne ze erreechen, ass nach ëmmer méiglech. Wëll een d'Minimalchance op d'Europameeschterschaft awer weider oprecht erhalen, mussen e Mëttwoch an e Samschdeg zwou Victoirë géint d'Skandinavier aus Schweden hir.