Lëtzebuerger Häre verléieren och drëtte Match 1:3

Och am drëtte Match vun der EM-Qualifikatioun hunn d’Lëtzebuerger Volleyballhären eng Defaite missen astiechen, déi Kéier géint Schweden.
Géint Schweden, déi bis ewell mat Lëtzebuerg zesummen op der drëtter Plaz stoungen, waren déi Rout Léiwen net konstant genuch a verléieren um Enn mat 1-3.
Am éischte Saz konnten Lëtzebuerger e Retard vu 4 Punkte nach gutt maachen an hunn géint der Enn de Sak zougemaach, fir mat 25-22 ze gewannen.
Dat hat de Schweden awer guer net geschmaacht an esou huet d’ Heemekipp am zweete Saz opgedréit. Lëtzebuerg wor fréi mat 5 Punkten hannen, an och wa si sech ëmmer nees erugekämpft hunn, sollt et net duergoen an d’ Haushäre gewannen däitlech 25-14.
Den drëtte Saz war nees méi équilibréiert an dat loung virun Allem un de ville Feeler, déi d'Schweden gemaach hunn. Braas a Co konnten doraus awer kee Profit zéien an hunn hirersäits ugefaang, Feeler ze maachen. Dat huet d’ Schweden nees an de Match bruecht an d’ Skandinavier wosste besser mat der Situatioun ëmzegoen. FLVB-Selektioun stoung ënner Drock, konnt sech net méi befreien a verléiert de drëtte Saz mat 17-25.
Duerno hunn d’Schweden den Drock weider héichgehal an d’Lëtzebuerger waren an hiren Aktiounen net efficace genuch. Mëtt vum Saz huet et geschéngt, wéi wa si de Glawe verluer hätten an esou haten Haushären et liicht, fir sech um Enn och dee véierte Saz mat 25-14 ze sécheren.
E Samschdeg hunn d’ Rout Léiwen awer d’ Geleeënheet fir Revanche ze huelen, wa si um 19 Auer am Gymnase vun der Coque wäerte probéieren, hir Campagne awer nach mat engem Succès ofzeschléissen.
No den 2. Defaitten war ee schonn net zefridden
Nodeems d'Häre-Volleyballnationalekipp hiren éischte Match an der Europameeschterschaftsqualifikatioun 0:3 a Griicheland verluer huet, wollte si et am Heemmatch géint den Aserbaidschan e Samschdeg den Owend besser maachen. Mee och hei stoung um Enn eng 2:3 Heem-Néierlag zu Buch. Zwee Matcher, zwou Defaiten, d'Erwaardunge konnte bis elo nach net erfëllt ginn.
No zwou Defaiten an deene éischten zwee Matcher steet ee mat engem Punkt op der drëtter Tabelleplaz, punktgläich mam nächste Géigner Schweden. Nieft enger gewëssener Ufanksnervositéit huet et géint den Aserbaidschan virun allem an der Ufanksphase un der néideger Astellung zum Match gefeelt, sou den 21 Joer alen Nationalspiller Kamil Rychlicki.
Et war net dat Resultat, dat ee sech erwaart huet, et wier méi dra gewiescht an esou ass een natierlech net zefridden. Nieft der Astellung huet et dem Lëtzebuerger Tim Laevaert och deels un der Ëmsetzung vun den taktesche Consignë gefeelt.
Et muss een awer och déi positiv Saachen aus deenen éischten zwee Matcher ervirhiewen. De Wëlle kann een der Ekipp ronderëm hiren Trainer Dieter Scholl net ofschwätzen. Dass d'Breet am Kader och stëmmt, huet de Match géint den Aserbaidschan gewisen, esou den Tim Laevaert. D'Qualitéit bei der Lëtzebuerger Nationalekipp ass also do.