Lëtzebuerg feiert géint Schweden éischt Victoire
An engem spannende Match ka Lëtzebuerg sech a 5 Sätz (23:25, 19:25, 25:20, 25:22, 15:10) géint Schweden duerchsetzen.
Um Samschdeg Owend gouf an der Coque ee Qualifikatiounsmatch fir d'Volleyball Europameeschterschaft ausgedroen. Lëtzebuerg huet et hei mat Schweden ze di kritt an huet um Enn mat 3:2 gewonnen.
Den éischten Saz war nach relativ ausgeglach. Hei konnt Schweden sech mat 25:23 nëmme knapp duerchsetzen. Am 2. Saz waren d'Schweden mat 25:19 méi dominant.
D'Lëtzebuerger wollte sech am 3. Saz awer nach net geschloe ginn an hu sech duerch ee staarkt Optriede vum Kamil Rychlicki hei mat 25:20 duerchgesat. Och de 4. Saz konnten d'Lëtzebuerger gewannen an domadder nees op 2:2 ausgläichen. Am 5. an decisive Saz huet déi Lëtzebuerger Ekipp dann nach emol alles ginn. D'Schweden hunn nogelooss an esou konnten d'Lëtzebuerger sech mat 15:10 duerchsetzen an hiren éischte Match am Laf vun der Qualifikatioun gewannen.
Am Laf vun der Qualifikatioun hat Lëtzebuerg schonn 3 Matcher verluer. Dat mat 0:3 géint Griicheland, 2:3 géint Aserbaidschan an 1:3 an engem anere Match géint Schweden. Schweden hat d'Matcher géint Griicheland an Aserbaidschan och verluer.