De Lëtzebuerger spillt an Zukunft an engem vun deene stäerkste Championnater op der Welt.

De Kamil Rychlicki ass zanter Joren déi gréisste Stäip vun der Lëtzebuerger Hären Volleyball Nationalequipe.
Den 22 Joer jonken Profi wiesselt fir déi nei Saison aus der Belsch eriwwer an Italien.

AUDIO: De Kamil Rychlicki wiesselt vun der Belsch an Italien

Fir de Lëtzebuerger mat polneschen Originne gëtt e neit Kapitel un. Zu Ravenna, knapps eng Stonn vu Rimini ewech, huet hie fir 2 Joer ënnerschriwwen. Datt sech den Dram realiséiere konnt, louch och u sengem leschte Veräi, mat dem hie belsche Champion ginn ass a sech och an der Volleyball Champions League bewisen huet. An der Champions League an Italien ass dunn e Scout op de Spiller opmierksam ginn.

Ravenna wäert an der neier Saison net um europäesch Plateau matspillen. Dorunner gesäit en wéi staark dat italienescht Championnat ass. De Nationalspiller huet sech awer vill virgeholl. Hien gesäit et realistesch fir d'Ekipp an d'Playoffs ze kommen.

Als Lëtzebuerger an enger vun de stäerkste Ligen a géint déi grouss Idoler wéi en Ivan Zaytsev ze spille, war schonn ëmmer de Wonsch vum 2 Meter a 4 Zentimeter groussen Attaquant, deen awer zougëtt wahrscheinlech e bëssen opgereegt ze sinn, wann en déi éischte Kéier géint de Superstar aus dem Championnat wäert spillen. U Motivatioun feelt et him awer net.

Mam Chris Zuidberg, deen d’nächst Saison wäert zu Waremme an der héchster Divisioun an der Belsch spillen, huet d’Lëtzebuerger Volleyballsfamill nees zwee Vollprofien an Europa spillen. Zesumme wëlle si hier Erfarungen als Profi weider an der Lëtzebuerger Nationalequipe abréngen an de Sport no fir bréngen.

Bäi Maaseik an der belsch ware Spiller vun iwwerall aus der Welt an deemno ass ënnerteneen haaptsächlech Englesch geschwat ginn. An Italien ass dat e bëssen anescht, hei muss wahrscheinlech italienesch geléiert ginn...

Vill Zäit huet de Kamil Rychlicki dofir net méi, well d’ Saison geet an Italien Mëtt Oktober un.