Vum 5. bis den 8. September ass an der Coque déi 11. Editioun vun de Luxembourg Open.

Bei den Dammen huet sech d'Sarah de Nutte souverän fir d'Halleffinalle qualifizéiert. D'Lëtzebuergerin huet mat 4:0 géint d'Polin Sikorska gewonnen. An der Ronn vun de 4 Beschte kritt d'Sarah de Nutte et e Freideg um 17.20 Auer mam Yang Xiaoxin ze dinn. D'Monegassin hat 2014 d'Luxembourg Open gewonnen an ass dëst Joer wuel déi geféierlechst Géignerin fir d'Sarah de Nutte.

Bei den Häre gouf de Luca Mladenovic um Donneschdeg eliminéiert, dat no engem 2:4 géint de Schwed Simon Soderlund. Hie spillt vun e Freideg un ëm d'Plazen 3 bis 12.

An der Halleffinall steet dogéint awer den Irfan Cekic, dee fir Lëtzebuerg mat dobäi ass. Hien huet an der Véierelsfinall deen op 1 gesate Schwäizer Lionel Weber mat 4:2 eliminéiert. E Freideg kritt hien et an der Halleffinall mam Soderlund ze dinn.