Vum 5. bis den 8. September ass an der Coque déi 11. Editioun vun de Luxembourg Open.

Bei den Dammen huet sech d'Sarah de Nutte an den Halleffinalle mat 1:4 géint d'Yang Xiaoxin misse geschloe ginn. D'Monegassin hat 2014 d'Luxembourg Open gewonnen an huet dann elo eng weider Kéier d'Chance op d'Victoire. Fir d'Sarah de Nutte geet et elo ëm d'Plazen 3-6.

Eng Defaite gouf et och fir den Irfan Cecic, dee fir Lëtzebuerg mat dobäi ass. Hien huet mat 2:4 géint de Simon Soderlund verluer. Den Cekic spillt elo och ëm d'Plazen 3-6.