D'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic stinn an der Aachtelsfinall vum gemëschten Dubbel.

Op der Dëschtennis-WM zu Alicante leeft et den Ament gutt fir d'Lëtzebuerger Spiller.

D'Danielle Konsbruck gewënnt en Dënschdeg däitlech mat 4:0 géint d'Kroatin Dorina Srebrnjak. Am zweete Match vun deem Dag verléiert si dann awer genee esou däitlech 0:4 géint d'Laura Guisnel aus Frankräich. D'Danielle Konsbruck hat trotzdeem nach Chancen, et an den Haapttableau ze packen an déi konnt si e Mëttwoch och notzen. Fir d'éischt gouf et eng kloer 4:0-Victoire géint d'Ecaterina Jibric an du géint d'Russin Mariia Tailakova (ER 47) eng ganz enk 4:3-Victoire an domat steet d'Lëtzebuergerin (ER 109) am Haapttableau.

Deen huet de Luka Mladenovic knapp verpasst, hier verléiert 3:4 géint de Kroat Kojic, Nummer 79 am Europa-Ranking.

D'Sarah Meyer huet e Mëttwoch och hir lescht Partie an der Qualifikatioun verluer.

Am Haaptfeld vun de beschten 32 stinn en Donneschdeg d'Dubbelen Konsbruck/Meyer bei den Dammen a Mladenovic/Reinholds bei den Hären.

A beim gemëschten Dubbel stinn d'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic an der Aachtelsfinall.