Ni Xia Lian muss zwou batter Néierlagen astiechen

Fir d'Ni Xia Lian sollt et en Donneschdeg alles aneschters, ewéi gutt goen. Am Dubbel Mixed an am Eenzel ass d'Rees fir si eriwwer.
Bei den Europameeschterschaften zu Alicante a Spuenien konnte sech am Dammen-Dubbel d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte en Donneschdeg hir Optaktpartie gewannen. Géint déi italienesch Koppel Piccolin/Colantoni haten déi zwou bescht Lëtzebuerger Damme kaum Problemer. D'Lëtzebuerger Koppel ass op 3 gesat an huet domat eng reell Chance, fir eng Medail bei dësen Europameeschterschaften ze gewannen. Fir d'Danielle Konsbruck an d'Sarah Meyer war et net esou gutt gelaf, fir si war nämlech am 1. Tour Schluss dat géint d'Sofia Polcanova an d'Yana Noskova, déi op 1 gesat sinn.
Am Hären-Dubbel ass och de Luka Mladenovic mat sengem lettesche Partner Arturs Reinholds net méi mat vun der Partie. Si verléiere mat 0:4 géint den Daniel Habesohn an de Robert Gardos.
Am Mixed-Dubbel war et dann awer eng ganz batter Néierlag fir d'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic, dat nodeems een am 1. Tour ganz iwwerraschend géint de Bence Majoros an d'Georgina Pota gewanne konnt. Déi Lëtzebuerger Koppel huet sech nämlech no enger ganz gudder Leeschtung mat 2:3 géint déi staark rumänesch Koppel Ovidiu Ionescu a Bernadette Szocs misse geschloe ginn. Domat hu si net nëmmen d'Véierelsfinall verpasst, mee och den Ticket fir d'European Games 2019 zu Minsk. Elo muss een hoffen, dass ee sech iwwer d'Ranglëscht fir d'European Games qualifizéiere kann.
Eenzel-Kompetitioun fir Lëtzebuerger eriwwer
Am Eenzel gouf et dann nach eng weider gutt Prestatioun vum Danielle Konsbruck. D'Spillerin vum DT Rued huet um Enn awer mat 1:4 géint déi un Nummer 1 gesaten Éisträicherin Sofia Polcanova verluer.
Den Aus am gemëschten Dubbel war fir d'Ni Xia Lian awer net déi eenzeg Enttäuschung. Am 1. Tour vun der Eenzel-Kompetitioun war dunn nämlech och Schluss fir déi erfuere Lëtzebuergerin. Si huet hire Match nämlech komplett iwwerraschend mat 1:4 géint d'Izabela Lupulesku aus Serbien verluer. D'Lëtzebuergerin war bei dësem Tournoi op 10 gesat, hir Géignerin nëmmen op 52.
Domat war d'Sarah de Nutte déi lescht Lëtzebuerger Spillerin, déi an der Eenzel-Kompetitioun nach vertruede war. Ma och fir si sollt d'Rees en Donneschdeg op en Enn goen an dobäi hat et u sech géint d'Laura Gasnier aus Frankräich am Ufank ganz gutt ausgesinn. D'De Nutte konnt déi éischt zwee Sätz fir sech entscheeden a louch mat 2:0 am Avantage. Dunn huet d'Spillerin aus Frankräich awer esou richteg opgedréint a konnt 4 Sätz um Stéck gewannen an domat och de Match.
