Ni Xia Lian a Sarah de Nutte am Dubbel an der Véierelsfinall

Déi zwou Lëtzebuergerinnen Ni Xia Lian a Sarah de Nutte hu bei der Dëschtennis-EM zu Alicante a Spuenien am Dubbel d'Véierelsfinallen erreecht.
An der Aachtelsfinall konnt déi Lëtzebuergesch Koppel, déi op der 23. Plaz an der Weltranglëscht steet géint d'Szandra Pergel an d'Dora Madarasz gewannen. Nodeems een den 1. Saz verluer hat, konnten d'FLTT-Dammen awer 3 Sätz um Stéck gewannen. Déi zwou Spillerinnen aus Ungarn, déi an der Dubbel-Weltranglëscht op der 15. Plaz stinn, konnten zwar nach eemol op 2:3 verkierzen, ma dono hunn d'Ni Xia Lian an d'Sarah de Nutte de 6. Saz fir sech entscheet a gewannen domat de Match mat 4:2. Nach virun zwee Joer bei den Europameeschterschaften zu Budapest hat d'Lëtzebuergesch Koppel mat 3:4 géint d'Ungarinne verluer, dat deemools an der Véierelsfinall.
Duerch dës Victoire sti si och dëst Joer nees an der Véierelsfinall an hei spille si e Samschdeg géint déi hollännesch-polnesch Koppel Li Jie/Li Qian. Déi zwou Verteidegerinne stinn op de Plazen 2 a 5 am Europa-Ranking.