Diddelenger wëllen dës Saison fir 7. Kéier noeneen den Titel vum Lëtzebuerger Champion gewannen. Do hannendru wëll sech awer och Houwald weisen.

An der Samschdeg-Partie vum Lëtzebuerger Dëschtennis-Championnat konnt sech Houwald mat 6:2 géint Hueschtert/Foulscht duerchsetzen. Virum Match hat den Houwalder Kapitän Marc Dielissen nach virum Géigner gewarnt, ma um Enn sollt d'Resultat awer zimlech däitlech ausfalen.

Nodeems d'Ekipp vum Houwald an der leschter Saison an der Finall stounge, dës awer knapp verluer haten, wëllen Dielissen a Co. an der neier Saison beweisen, wat se kënnen. Dëst sollt hinnen an der Samschdeg-Partie géint Hueschtert/Foulscht dann och geléngen.

E Freideg den Owend hat Diddeleng keng Problemer géint Rued. Um Enn stoung et 6:1 fir de Champion. Den Opsteiger war allerdéngs net mat der stäerkster Formatioun ugetrueden. Den neie Spiller Peter Musko gouf vum Annick Stammet ersat.

Fir Diddeleng hunn de Zoltan Fejer-Konnerth, de Gilles Michely, de Fabio Santomauro an de Joao Aguiar d'Punkte gemaach. Fir deen eenzege Punkt vu Rued huet d'Tessy Gonderinger gesuergt, dat duerch eng 3:0-Victoire géint de Joao Aguiar.

De leschte Weekend hat fir den Optakt vun der neier Saison schonn den Opsteiger Nidderkäerjeng mat 3:6 géint Éiter/Waldbriedemes verluer a Bäerbuerg hat mat 3:6 géint Iechternach de Kierzere gezunn.