Um Sonndeg konnt de Basket Esch sech kloer mat 89:73 géint d'Arantia aus der Fiels behaapten.

Am leschte Match am Kalennerjoer 2021 goung et fir béid Ekippen drëms, net den Uschloss un de Leader vu Walfer ze verléieren.

Déi Escher koume gutt an d'Partie a loungen nom éischte Véierel mat 27:19 a Féierung. Am zweete Véierel huet d'Arantia awer zeréckgeschloen an déi nächst zéng Minutte mat 21:19 fir sech entscheet; dëst sollt awer net duergoen. Nom Säitewiessel hunn déi Escher nees d'Heft an d'Hand geholl a béid Véierel mat 24:19 respektiv 19:14 fir sech entscheet a konnte soumat eng kloer Victoire géint den Tabellennoper feieren. No 40 Minutte stoung et 89:73 an der Lallenger Sportshal. Mat dëser Victoire zitt de Basket Esch an der Tabell laanscht d'Arantia Fiels an ass elo Drëtten am Klassement.

Op der Escher Säit war den Jordan Hicks mat 31 Punkte beschte Marqueur, donieft hunn de Clancy Rugg 27 respektiv de Joé Biever 16 Punkte bäigesteiert. Bei der Arantia war de Duane Alexander Johnson mat 25 Punkte beschte Werfer. Déi Escher ware wéinst Verletzungssuerge just mat 8 Spiller ugetrueden, woubäi d'Starting Five quasi de komplette Match duerchgespillt huet.

Härebasket

Hären