Volleyball: Super Cup
Fenteng verléiert géint Esch, Walfer wënnt géint Dikrech

© Marc Burelbach
E Samschdeg si bei den Hären de VC Fenteg géint den Escher VBC a bei den Dammen RSR Walfer géint de CHEV Dikrech fir d'Supercoup am Volleyball ugetrueden.
Bei den Häre koum et zu dem Duell vum Champion a Coupegewënner Fenteng géint de Coupefinalist vun Esch. Ma hei sollt net de Gewënner vun der Saison zejoert d'Iwwerhand behalen, mee Esch mat 3:1 gewannen.
Am Match tëscht Walfer an Dikrech bei den Dammen huet sech awer d'Gewënnerekipp vun der leschter Saison de Super Cup no engem 3:1-Succès gekroopt.

© Marc Burelbach
Am meeschte gelies