Optakt vum Championnat dëse Weekend

Nodeems Walfer sech d'lescht Saison e weideren Doublé séchere konnt, annoncéiert sech fir 2019 eng méi equilibréiert Saison.
Kucke mer als éischt emol op den ënneschten Deel vun der Tabell vun zejoert. De VC Fenteng huet no enger Saison an der Nationaldivisioun nees missen ofsteigen a gëtt duerch de Volleyball Iechternach ersat. Den Opsteiger, wou och déi fréier Mamer Championne Véronique Philippe mat um Bou steet, sollt een op kee Fall ënnerschätzen an dierft fir déi eng oder aner Surprise gutt sinn.
Am Barragë-Match konnt sech de VC Mamer nach emol behaapten a wäert probéieren, nees den Uschloss un déi 4 éischt Ekippen ze packen. Dat dierft awer schwéier ginn, virun allem well sech Péiteng, ënner anerem, mat der fréierer Nationalspillerin Marie Reiter an der Pass verstäerke konnt.
Och de VC Stengefort konnt sech verstäerken a wäert sécher nees em eng Positioun ënnert den éischte 4 matspille kënnen.
Eng sécher Plaz an den Halleffinallen gëtt dem frëschgebakene Supercup-Gewënner a Champion sortant Walfer virausgesot. De neie Walfer Coach, Ben Angelsberg, weess awer och, datt d'Ekippe méi no beieneen geréckelt sinn ...
Stäerkste Walfer Géigner an de leschte Jore war de CHEV Dikrech. Och déi Dikrecher hu sech punktuell verstäerkt an huele mam Massimo Tarantini en neien Ulaf op de Championstitel. Seng Aarbecht als neie Coach zu Dikrech fänkt awer grad éischt un.
D'Gym Bouneweg, mat der fréierer däitscher Nationalspillerin Nadja Schaus, an och de VC Stroossen wäerte mat dofir suergen, datt et e spannend Championnat dierft ginn.
Lass geet et fir all d'Dammenekippen e Sonndeg, de 7. Oktober an do sollten eis virun allem d'Matcher Stroossen-Péiteng an Gym Bouneweg géint VC Stengefort weisen, wéi serréiert et dann um Enn wierklech gëtt.