D'Lëtzebuerger FLTT-Spiller spillen en Dënschdeg den Owend um 19.15 Auer hiren 1. Heemmatch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun.

Déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Härennationalequipe spillt en Dënschdeg den Owend um 19.15 Auer hiren 1. Heemmatch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. D'FLTT-Spiller kréien et zu Bäerbuerg mat Griicheland ze dinn. Dat gëtt awer keng einfach Aufgab.

AUDIO: EM-Qualifikatioun am Dëschtennis - Reportage Franky Hippert

Däers ass sech de Lëtzebuerger Nationalspiller Gilles Michely och bewosst. Den Allersmatch haten d'Lëtzebuerger géint d'Griichen nämlech kloer verluer. An och dës Kéier wier Griicheland mat enger top Besetzung ugereest.

De Nationaltrainer Peter Teglas huet och nach den Trajan Ciociu, de Luka Mladenovic, de Marc Dielissen an de Fabio Santomauro selektionéiert. Den Eric Glod ass am Moment an der Grondausbildung vun der Arméi fir an d'Elite Sport Sektioun ze kommen. De Gilles Michely selwer ass gutt a Form an hofft, datt och den Heemvirdeel eppes bréngt. Hien ass och optimistesch, dass d'Hal gutt gefëllt wäert sinn.

Ma d'Griichen, déi zu de beschten Ekippen an Europa gehéieren, spillen nieft Russland ëm d'Gruppevictoire. Ënnert anerem mat engem Panagiotis Gionis, deen zu der Weltelite gehéiert.

Och wann et schwéier wäert ginn, fir ze gewannen, wäerten d'FLTT-Spiller sécher alles dru setzen, fir awer op mannst deen een oder anere Punkt des Kéier géint Griicheland ze maachen.