Et gëtt kee klore Favorit

E Samschdeg an e Sonndeg ass den éischte Spilldag am Championnat vum Volleyball bei den Hären - an deen huet et direkt a sech.
Nodeems mer e Mëttwoch op dëser Plaz schonn op den Optakt vum Championnat am Dammevolleyball gekuckt hunn, ass et elo den Tour vun den Hären an do gëtt et am Virfeld kee klore Favorit ...
Et ass ganz schwéier virauszesoen, wien um Enn vun dëser Volleyballsaison wäert d'Nues virhunn. Den Opsteiger Belair an och d'Résidence Walfer, déi den Ament am Ëmbroch ass, si wuel als éischt Ekippen an der Course ëm de Champion auszeschléissen.
Déi aner 6 Ekippe wäerte sech awer en haarde Kampf ëm d'Participatioun an den Halleffinalle liwweren. Schonn an der Supercoupe de leschte Samschdeg huet den Escher Volleyballclub seng Ambitioune géint den Doublésgewënner vun zejoert, VC Fenteng, ënnerstrach.
Den Escher Franz Vosahlo kennt dann och d'Stäerkte vu senger Ekipp ganz genee: den Esprit d'équipe a Spiller, déi wëlle gewannen ...
D'lescht Saison hat sech de Volley Bartreng fir d'Finall vum Championnat qualifizéiere kënnen. Mat hirem neie Passeur, dem Gilles Braas, sinn d'Erwaardungen nach emol geklomm. De Kapitän vun der Nationalekipp wëll awer net direkt vun enger Favoritteroll schwätzen - Fenteng wier als Doublésgewënner do als éischt ze nennen, ma och anerer misst een op der Rechnung hunn ...
Schonn traditionell ass och nees mam VC Stroossen ze rechnen. Si musse nom Depart vum Max Funk an Däitschland sech mam neie Passeur awer nach fannen. Fir de Stroossener Tim Laevaert ass et ganz wichteg, den Optakt net ze verschlofen - et misst een direkt vun Ufank u prett ze sinn, well d'Plaze fir de Playoff géife wuel ganz enk ginn ...
Schonn den éischte Spilldag huet et a sech. E Samschdeg spillt de Volley Bartreng géint Esch an e Sonndeg Dikrech géint Luerenzweiler, Stroossen géint Fenteng a Walfer géint de Belair.