D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Nationalekipp huet en Dënschdeg den Owend am Kader vun der EM-Qualifikatioun mat 1:3 géint Griicheland verluer.

Schummen, muss ee sech no dëser Leeschtung awer net, well d'Lëtzebuerger Hären hunn en Dënschdeg den Owend zu Bäerbuerg awer eng gutt Leeschtung gewisen. De Gilles Michely krut et am éischte Match mam Anastasios Riniotis ze dinn an de 4-fache Lëtzebuerger Landesmeeschter huet gekämpft an esou huet de Match missen iwwert déi voll Distanz vu 5 Sätz goen. Am leschten an decisive Saz ass dem Spiller vum DT Diddeleng dunn awer e bëssen d'Loft ausgaangen an esou huet hie sech um Enn misse geschloe ginn.

AUDIO: Lëtzebuerg - Griicheland/Reportage Marc Burelbach

An der zweeter Partie koum et dunn awer zur ganz grousser Iwwerraschung. De Luka Mladenovic krut et do nämlech mam Panagiotis Gionis ze dinn. De Griich kann een absolut zur Weltelite zielen, ma de Lëtzebuerger Vize-Landesmeeschter huet vun Ufank u ganz gutt matgehalen a konnt déi éischt zwee Sätz fir sech decidéieren. Den Gionis konnt den 3. Saz gewannen, ma am 4. Saz huet de Mladenovic dunn alles kloer gemaach a konnt de Match mat 3:1 gewannen an domat fir Lëtzebuerg ausgläichen.

Déi zwou uschléissend Partië sollten net méi esou gutt verlafen. Fir d'éischt huet de Fabio Santomauro mat 1:3 verluer, ier de Gilles Michely mat 0:3 géint den Gionis verluer huet, esou dass Griicheland um Enn mat 3:1 gewënnt.

Lëtzebuerg steet a sengem Grupp op der leschter Positioun a kann d'EM wuel ofschreiwen.