Remis tëscht Iechternach an Hueschter/Foulscht, Rued wënnt

© pressphoto (Archiv)
An der 2. Partie e Samschdeg den Owend huet Rued mat 6:4 bei Éiter-Waldbriedemes gewonnen.
E Samschdeg den Owend war et am Dëschtennis-Championnat den Optakt vum 2. Spilldag. Tëscht Iechternach an Hueschtert/Foulscht gouf et kee Gewënner. Béid Veräiner si mat engem 5:5-Remis ausernaner gaangen. No Victoirë vum Traian Ciociu, dem Evgheni Dadechin an dem Arlindo de Sousa loung Iechternach scho mat 3:0 a Féierung. Hueschtert/Foulscht huet sech awer net opginn a konnt duerch Victoirë vum Colin Heow, Tim Janssens an Oliver Johannes op 3:3 ausgläichen. D'Gäscht haten elo e Laf a sou konnt de Colin Heow och géint den Arlindo de Sousa gewannen an d'Gäscht mat 4:3 a Féierung bréngen. De Kevin Kubica huet duerno géint de Joël Decker awer nees op 4:4 gesat. An den zwee Dubbele gouf et jee eng Victoire fir d'Haushären an eng fir d'Gäscht, sou datt ee sech mat engem 5:5 getrennt huet.
PDF: Feuille de Match Iechternach - Hueschtert/Foulscht
An der zweeter Partie vum Owend war et och spannend an d'Decisioun ass eréischt an den Dubbele gefall. Hei war Rued du méi staark a ka sech iwwert eng 6:4-Victoire bei Éiter-Waldbriedemes freeën.
PDF: Feuille de Match Éiter-Waldbriedemes - Rued
Um Sonndeg spillt um 15 Auer dann nach Diddeleng géint Bäerbuerg an um 16 Auer ass et nach de Match Houwald géint Nidderkäerjeng.