Champion Diddeleng verléiert iwwerraschend géint Berbuerg

© pressphoto Archiv
Den amtéierende Champion Diddeleng huet sech e Sonndeg iwwerraschend mat 3:6 géint Berbuerg misse geschloe ginn.
E Samschdeg hat sech schonns Rued iwwerraschend mat 6:4 géint Éiter/Waldbriedemes duerchgesat an Iechternach an Hueschtert/Folscht hu 5:5 gedeelt.
Diddeleng - Berbuerg 3:6
Den DT Diddeleng huet mam Christian Kill a mam Mike Bast zwee ganz wichteg Spiller verluer, ma mam Fabio Santomauro a mam Joao Aguiar sinn zwee Nationalspiller als Ersatz komm. Dës zwee Spiller sollten e Sonndeg de Mëtteg awer zum Deel mat dru Schold sinn, dass de Champion Diddeleng mat 3:6 verluer huet. Kee vu béide konnt nämlech ee vu senge Matcher gewannen. De Fabio Santomauro huet mat 2:3 géint de Mirko Habel an och mat 2:3 géint de Luc Michely verluer an de Joao Aguiar huet mat 0:3 géint de Michael Schwarz verluer a mat 1:3 géint de Ronny Zeimes.
Dozou kënnt, dass de Gilles Michely sech och nach dem Michael Schwarz huet misse geschloe ginn. De 6. an entscheedende Punkt hunn de Mirko Habel an de Michael Schwarz am Dubbel géint d'Koppel Michely/Aguiar gemaach.
Houwald - Nidderkäerjeng
Den DT Houwald huet e Sonndeg ganz kuerze Prozess mat DT Nidderkäerjeng gemaach. De Vize-Champion huet mat 6:0 gewonnen an huet dobäi nëmmen 2 Sätz verluer an déi allebéid an engem Match an zwar an der Partie tëscht dem Luka Bakic an dem Jean-Louis Lamarre.
Mat dëser Victoire steet den Houwald elo eleng un der Tabellespëtzt. Si sinn déi eenzeg Ekipp, déi 2 Victoiren aus 2 Matcher ze verzeechnen huet.