DT Diddeleng zweiwelt u 7. Championstitel hannerteneen

Géint Bäerbuerg huet den amtéierende Champion iwwerraschend missen eng Néierlag astiechen. / © pressphoto Archiv
D'Saison am Dëschtennisekippechampionnat ass eréischt zwee Spilldeeg al a scho gouf et de Weekend déi éischt fatzeg Surprise.
De Champion aus deene leschte 6 Joer, Diddeleng, huet sech komplett iwwerraschend 3:6 géint Bäerbuerg misse geschloe ginn.
De Gilles Michely a seng Matspiller hate wierklech net erwaart géint Bäerbuerg ze verléieren. Et géifen awer e puer Grënn ginn, firwat et esou koum, seet de Lëtzebuerger Nationalspiller. De 4-fache Lëtzebuerger Landesmeeschter am Eenzel erkläert, dass Bäerbuerg éischtens déi Chancen ausgenotzt huet, déi déi Diddelenger hinne ginn hunn, zweetens hätten alle 4 Spiller vum DTD de Weekend net gutt gespillt. Dat hätt een och an der Vergaangenheet schonns dacks gehat, ma do wier een ni bestrooft ginn an dat wier elo awer geschitt. Aktuell wier dann och nach net déi néideg Ausstralung do, wat awer normal wier, wann ee 50% vun der Ekipp gewiesselt huet.
Bast a Kill si jo net méi zu Diddeleng a goufen duerch Santomauro an Aguiar ersat. An der Forge du Sud weess een dës Saison effektiv net, ob et eppes mam 7. Championstitel hannertenee gëtt. De Gilles Michely ënnersträicht, dass de Fabio Santomauro an de Joao Aguiar nach Zäit brauchen. Et wieren allebéid Spiller mat ganz groussem Potential an et wier een zouversiichtlech, dass dat mat der Zäit besser geet, och wann ee weess, dass een net esou dominant duerch d'Saison wäert marschéieren, ewéi dat nach déi lescht Joren de Fall war, esou nach de Gilles Michely.
Um nächste Spilldag e Samschdeg reese Gilles Michely a Co. bei Hueschtert-Foulscht. Dat gëtt sécherlech och alles anescht wéi einfach. Däers si se sech zu Diddeleng jiddwerfalls bewosst. Do waart nämlech eng staark Ekipp, virun allem huet d'Ekipp vun Hueschtert dräi ganz staark Spiller. Den Olivier Joannes, de Colin Heow an den Tim Janssens hunn allen dräi d'Potential, fir d'Diddelenger Spiller ze klappen. An och mam Joël Decker a Jerry Koob hu si zwee Spiller, déi net ze ënnerschätze sinn. Virun allem duerf een net vergiessen, dass Hueschtert/Foulscht et d'lescht Joer och schonns bis an d'Finall vun der Coupe gepackt hat, och wann een dann do géint Diddeleng verluer huet.