Champion Diddeleng wënnt géint Hueschtert/Foulscht

Beim Match tëscht Éiter-Waldbriedemes am Houwald gëtt et kee Gewënner.
Um Samschdeg stoung an der Nationaldivisioun am Dëschtennis den 3. Spilldag um Programm.
Hueschtert/Foulscht ka sech mat 4:6 géint Diddeleng behaapten wärend Éiter-Waldbriedemes an den Houwald 5:5 deelen.
Hueschtert/Foulscht - Diddeleng 4:6
De Champion vun Diddeleng ka sech no der Defaite vum leschte Weekend d'Victoire géint Hueschtert/Foulscht sécheren. De Nationalspiller Fabio Santomauro konnt op Säite vun Diddeleng seng zwee Matcher gewannen. De Zoltan Fejer-Konnerth hat a sengen zwou Partien géint de Colin Heow an den Tim Janssens och d'Nues vir. Wärend de Joao Aguiar seng zwee Matcher op Diddelenger Säit verluer hat, an de Gilles Michely eng Victoire géint de Colin Heow feiere konnt war et och den Gilles Michely zesumme mam Zoltan Fejer-Konnerth, déi sech géint den Tim Janssens an de Colin Heow duerchsetze konnten. Den Olivier Joannes an de Jerry Koob konnten am leschte Match just nach op 4:6 fir Hueschtert/Foulscht verkierzen.
PDF: feuille de Match Hueschtert/Folscht - Diddeleng
Éiter-Waldbriedemes - Houwald 5:5
De Leader Houwald ass géint Éiter-Waldbriedemes net iwwer ee Remis erauskomm.
An engem ausgeglachene Match konnt sech keng vu béiden Ekippen een Zwee-Punkte-Virsprong erausschaffen. Fir den Houwald konnt den Irfan Cekic seng zwee Matcher gewannen, den Ademir Balaban hat seng zwou Partien dogéint alle béit verluer. Fir d'Heemekipp war et den Thibaut Besozzi, deen sech zwee Mol mat 3:2 duerchsetze konnt. Nodeems sech de Luka Bakic an den Irfan Cekic kloer duerchsetze konnten, hunn den Thibaut Besozzi an de Mickaël Fernand et am leschte Match awer fäerdeg bruecht, fir hirer Ekipp de 5:5 ze sécheren.