Lëtzebuerger am Ausland
Gelonge Première fir de Kamil Rychlicki an Italien

© Archiv
E Samschdeg den Owend huet an Italien d'Championnat am Volleyball ugefaangen. Mam Kamil Rychlicki ass hei och ee Lëtzebuerger am Asaz.
Fir de Kamil Rychlicki war et e Samschdeg den Owend ee gelongen Optakt am italienesche Volleyball-Championnat. De Lëtzebuerger huet mat senger Ekipp Ravenna souverän mat 3:0 (25:16, 25:14, 25:15) géint Mailand gewonnen.
De Lëtzebuerger huet 18 Punkte markéiert a war de beschte Spiller.
Am hollännesche Basket-Championnat huet den Helder mam Alex Laurent mat 67:80 (16:23, 15:19, 18:17, 18:21) géint Zwolle de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger huet ee Punkt markéiert.
Am meeschte gelies