Däitlech Victoire fir Diddeleng géint Nidderkäerjeng

Um Sonndeg gouf eng Partie vum 4. Spilldag am Dëschtennis-Championnat gespillt. Diddeleng klappt Nidderkäerjeng um Enn mat 6:0.
Um Sonndeg huet Diddeleng däitlech géint Nidderkäerjeng gewonnen. Souwuel de Gilles Michely, wéi och de Fabio Santomauro an de Zoltan Fejer-Konnerth konnten all hier Sätz fir sech entscheeden, sou dass et eng héich verdéngte Victoire fir déi Diddelenger gouf, dëst um Enn mat 6:0
LINK: Resultat Diddeleng - Nidderkäerjeng
An der Partie tëscht Bäerbuerg an Hueschtert/Foulscht wollt de Gaascht ee Schrëtt aus dem Tabellen-Keller maachen. Béid Ekippe hunn déi lescht Matcher op engem ähnlechen Niveau gespillt, Bäerbuerg hat awer ee bessere Laf an Hueschtert/Foulscht dee méi schwéieren Optaktprogramm mat Géigner wéi dem Houwald an Diddeleng.
De besote Schrëtt hannen eraus konnt Hueschtert/Foulscht awer net geléngen. Zimlech däitlech konnt sech d'Heemekipp vu Bäerbuerg mat 6:1 duerchsetzen.
D'Partie tëscht dem Houwald a Rued gëtt den 28. Oktober gespillt an den Ofschloss vum Spilldag ass dann den 18. November mat der Partie Iechternach géint Éiter-Waldbriedemes.