Bei de Belgian Open hunn déi 2 Lëtzebuergerinnen de Sprong an d'Aachtelsfinall gepackt.

D'Sarah de Nutte (WR71) konnt dobäi d'Celine Reust (329) am d'Charlotte Carey (115) eliminéiert. Als nächst waart awer elo d'Japanerin Miyu Nagasaki, déi d'Nummer 39 op der Welt ass.

D'Ni Xia Lian (48) konnt sech dogéint géint d'Bernadett Balint (220) an d'Laura Gasnier (101) behaapten. Déi nächst Géignerin, Nina Mittelham aus Däitschland, dogéint ass just 2 Plaze méi schlecht placéiert, wéi d'Lëtzebuergerin.

Am Doubel treffe béid Lëtzebuergerinnen um Freideg op d'Pauline Chasselin an d'Marie Migot aus Frankräich.

De Luka Mladenovic dogéint huet et net bis an d'Aachtelsfinalle gepackt.