D'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun huet matgedeelt, datt et 2 personell Changementer wäerte ginn, op administrativem an op sport-techneschem Plang.

De Guy Erpelding hält um Enn vum Joer aus berufflechen an perséinleche Grënn als President op, bleift awer nach am Verwaltungsrot vun der Federatioun. Bis den nächste Kongress iwwerhëlt dann d‘Vizepresidentin Norma Zambon de Posten un der Spëtzt.

Dann huet den Härennationaltrainer Dieter Scholl decidéiert, säi Kontrakt, deen am Summer d‘nächst Joer ausleeft, net méi wëllen ze verlängeren. Mam Scholl haten d‘FLVB-Hären ënnert anerem op den zwou leschten Editioune vun de Spiller vun de klenge Länner an Island an a San Marino d‘Goldmedail gewonnen.