An der Finall hu sech déi 2 Lëtzebuergerinnen géint en Dubbel aus Japan mat 0:3 misse geschloe ginn.

Géint déi favoriséiert Japanerinnen Saki (WR 20) an Odo (WR 58) hunn sech d'Lëtzebuergerinnen op den ITTF Challenge Belgium Open zu De Haan awer trotz dem däitlechen Resultat alles anescht wéi schlecht geschloen. Se hunn gutt an d'Partie fonnt mee hunn den éischter Saz awer knapps mat 13:15 verluer. Och am zweeten war et net manner spannen mee och hei hunn se de Saz missen knapps mat 10:12 ofginn. Am lëschten an drëtte Saz haten se dann allerdéngs net méi vill entgéint ze setzen a verléieren dësen däitlech mat 4:11.

Trotz allem war et awer eng staark Leeschtung an no der Bronzemedaile op der EM zu Alicante an der Sëlwermedaile bei den ITTF Challenge Spanisch Open ass dëst schonn déi 3. gemeinsam Medaile an dësem Joer.