Opsteiger Rued iwwerzeegt virun, Houwald klappt Iechternach

D'Danielle Konsbruck ass mat Rued weider op der Iwwerhuelspur. / © pressphoto Archiv
Den Opsteiger vu Rued konnt och e Samschdeg um 5. Spilldag vum Dëschtennis-Championnat weider iwwerzeegen.
Si gewanne kloer mat 6:1 géint Hueschtert/Foulscht. Den Houwald konnt sech och kloer géint Iechternach duerchsetzen, Diddeleng mat Problemer géint Éiter/Waldbriedemes an Nidderkäerjeng verpasst éischt Victoire vun der Saison.
LINK: Den Iwwerbléck vum Dëschtennis-Championnat
Rued - Hueschtert/Foulscht 6:1
Hueschtert/Foulscht huet, ewéi schonns lescht Joer, ee richteg schlechte Start an d'Saison erwëscht. Hire Géigner vun e Samschdeg huet et besser gemaach, déi hunn nawell ee ganz iwwerraschend gudde Start higeluecht an déi Confiance hu si och mat an d'Partie géint de Coupe-Finalist vun der leschter Saison geholl. Si konnte sech nämlech e Samschdeg kloer mat 6:1 behaapten. D'Nummer 1 vu Rued, de Peter Musko huet absolut näischt ubrenne gelooss a konnt den Olivier Joannes an den Tim Janssens mat 3:0 heemschécken. An och d'Tessy Gonderinger an d'Dani Konsbruck konnten hir gutt Form ënnersträichen. D'Tessy Gonderinger konnt esou géint den Tim Janssens gewannen an d'Dani Konsbruck konnt sech géint de Colin Heow an de Jerry Koob behaapten. De Carlo Feltes huet fir de 6. Punkt gesuergt, dat géint de Jerry Koob. Deen eenzege Match, deen Hueschtert e Samschdeg gewanne konnt, deen huet den Olivier Joannes gewonnen, dat a sengem Match géint d'Tessy Gonderinger.
Nidderkäerjeng - Bäerbuerg 5:5
Kee gudden Dag fir den DT Bäerbuerg. Si sinn e Samschdeg nämlech net iwwer e 5:5 géint Nidderkäerjeng erauskomm. Iwwerdeems de Mirko Habel an de Michael Schwarz all hir Matcher an och hire gemeinsamen Dubbel gewanne konnten, hunn de Ronny Zeimes an Luc Michely alles verluer. De Kevin Fickinger an de Steven Georges konnten op Säite vun Nidderkäerjeng hir Eenzel-Matcher all gewannen. D'Victoire am Dubbel vum Egle Tamasauskaite a Steven Georges huet du fir de 5:5 gesuergt.
Éiter/Waldbriedemes - Diddeleng 3:6
De Champion Diddeleng konnt sech dann e Samschdeg mat 6:3 géint Éiter/Waldbriedemes duerchsetzen. De Fernand Mickaël konnt sech iwwerraschend mat 3:0 géint de Gilles Michely duerchsetzen. D'Olga Nemes huet fir déi aner 2 Punkte vun der Lokalekipp gesuergt. D'Nemes konnt sech do mat 3:2 géint de Fabio Santomauro a mat 3:0 géint de Joa Aguiar duerchsetzen.
Houwald - Iechternach 6:1
Den DT Houwald huet Iechternach e Samschdeg mat 6:1 geklappt, ma et war awer e bësse méi enk, wéi et op den éischte Bléck wierkt. Si hunn nämlech 3 Partien eréischt am 5. an decisive Saz gewonnen. Den eenzege Punkt fir Iechternach konnt den Traian Ciociu realiséieren, dat am Match géint de Luka Bakic. De fréiere Landesmeeschter am Eenzel konnt sech hei mat 3:1 behaapten.