Fenteng a Stroossen punktgläich un der Spëtzt

Fenteng a Stroossen ginn hire Favoritterollen gerecht a gewannen hir Matcher. Bei den Dammen wannen Dikrech, Walfer a Stroossen.
Hären
Esch - Walfer 3:0 (25:17; 25:15; 25:18)
Eng ganz kloer an däitlech Affär gouf et tëscht Esch a Walfer wou déi Escher de Gäscht ni eng Chance gelooss hunn.
Belair - Stroossen 1:3 (17:25; 26:24; 12:25; 18:25)
Och Stroossen war eigentlech genau sou souverän wär do net de Schéinheetsfeeler am 2. Saz deen se mat 24:26 aus der Hand ginn hunn. Mee och no dësem Saz hat de Belair eigentlech ni eng Chance.
Fenteng - Luerenzweiler 3:1 (24:26; 27:25; 25:17; 25:16)
Och Fenteng bleift senger Favoritteroll gerecht a gewënnt no enger schwiereger Ufanksphase awer nach souverän. Den éischte Saz hunn se nach ganz knapps verluer an den zweeten an engem enke Saz knapps gewonnen. Dono war d'Loft bei Luerenzweiler eraus a Fenteng gewënnt mat 3:1.
LINK: All d'Resultater an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck
Dammen
Gym - Dikrech 2:3 (17:25; 25:23; 25:23; 30:32; 13:15)
Stengefort - Walfer 0:3 (19:25; 21:25; 19:25)
Iechternach - Stroossen 1:3 (19:25; 25:15; 20:25; 19:25)
LINK: All d'Resultater an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck