Traureg Nouvelle aus dem Dëschtennis
De fréieren Nationalspiller Jean Krier ass gestuerwen

© DT Union Lëtzebuerg
Traureg Nouvelle koumen e Freideg aus dem Dëschtennis, wou de Jean Krier eis fir ëmmer verlooss huet.
De fréieren Nationalspiller war ënnert anerem 2 Mol Lëtzebuerger Champion 1971 an 1975 am Eenzel, 4 Mol am Dubbel, a konnt sech am Ekippechampionnat och am ganzen 8 Mol d‘Meeschterkroun mat Schëffleng respektiv mat Réimech opdoen. An de 70er Joren huet de Jean Krier Lëtzebuerg och op de Welt-an Europameeschterschafte vertrueden.
Am meeschte gelies