Niewent de jeeweils Éischten an den Eliminatoire sinn och den Irfan Cekic, de Christian Kill, d'Sarah de Nutte an d'Dani Konsbruck an der Haaptronn.

Um Samschdeg stoungen am Lëtzebuerger Dëschtennis d'Eliminatoire vum Critérium International zu Nidderkäerjeng um Programm. Um Sonndeg wäert d'Haaptronn zu Nidderkäerjeng gespillt ginn. Da ginn d'Nofolger vum Dani Konsbruck an dem Eric Glod gesicht.

Hären:

Am Grupp A konnt sech um Enn den Evgheni Dadechin vun Ieschternach duerchsetzen. Hie konnt sech souwuel géint de Ronny Zeimes vu Berbourg wéi och géint de Steven Georges vu Nidderkäerjeng behaapten. Am Match em Plaz zwee konnt sech de Ronny Zeimes géint de Steven Georges duerchsetzen. Soumat konnt sech den Evgheni Dadechin fir d'Haaptronn e Sonndeg qualifizéieren.

Am Grupp B konnt sech de Michael Schwarz déi éischte Plaz sécheren, dëst mat Victoiren iwwert de Laurent Boden an de Christoph Glod. Déi zweete Plaz war fir de Laurent Boden, dee sech géint de Christoph Glod konnt duerchsetzen.

Am Grupp C war de Marc Dielissen dee Stäerksten mat 3 Victoiren. Zweete gouf de Kevin Fickinger virum Andrezejewski Jonas an dem Tom Scholtes.

De Kevin Kubica konnt sech an der Grupp D duerchsetzen, dëst virum Alberto Moro dee sech virum Fränk Stephany duerchsetze konnt. Op Plaz 4 war et de Loic Piquard.

De Colin Heow blouf a senger Grupp och ongeschloen. Op de Plazen hannendru stinn de Joao Aguiar, den Alexandre Camerlynck an de Sébastien Bonert.

Am Grupp F hat sech de Célian Duval duerchgesat, dëst virum Dennis Huberty, dem Jonathan van Dessel an dem Noah Stephany.

Dammen:

Bei den Damme konnt sech am Grupp A d'Tessy Gonderinger duechrsetzen, dëst virum Chiara Camerlynck an dem Larissa Gales.

Am Grupp B war d'Carole Hartmann dat Stäerkst virum Simone Haan an dem Julie Poncin.

D' Sarah Meyer konnt sech am Grupp C duerchsetzen, dëst virum Lena Grein, dem Ariel Barbosa an dem Mara Oms.