Victoire fir d'Häre vu Luerenzweiler an Esch

Luerenzweiler an Esch ware favoriséiert a sinn e Sonndeg och hirer Favoritteroll gerecht ginn.
Am Lëtzebuerger Volleyball stoungen um Samschdeg an um Sonndeg d'Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg um Programm.
Resultater vum Sonndeg
Bei den Häre konnt sech Luerenzweiler kloer mat 3:0 (25:12; 25:17; 25:11) zu Iechternach duerchsetzen. Och de Volleyballsclub vun Esch konnt sech mat 3:0 (25:22; 25:20; 25:23) duerchsetzen, dat géint Stengefort.
Bei den Damme konnt sech iwwerdeems d'Ekipp vu Mamer och mat 3:0 behaapten, dat géint d'Damme vu Wolz.
Resultater vum Samschdeg
Bei den Damme huet Luerenzweiler doheem mat 0:3 (14:25; 15:25; 22:25) géint Walfer verluer. Den CS Gym Volley kann ënnert dem Stréch däitlech mat 3:0 (25:23; 25:17; 25:22) géint Stroosse gewannen, genau wéi Stengefort, déi sech och mat 3:0 géint de Belair duerchsetze konnten. Spannend war et dogéint zu Bartreng, déi Iechternach op Besuch haten. Um Enn ka sech Bartreng mat 3:2 (20:25; 25:15; 25:23; 17:25; 15:7) denkbar knapp behaapten.
Bei den Häre wënnt Stroosse kloer mat 3:0 (25:18; 25:9; 25:15) géint de VC Belair an de CHEV vun Dikrech gewënnt souverän mam selwechten Endresultat géint Walfer (25:15; 25:16; 25:11)