Als Opsteiger an déi héchste Spillklass huet een et dacks net einfach a meeschtens weist de Wee um Enn vun der Saison nees no ënnen.

Wéi et um Enn vun dëser Saison beim Volleyball Iechternach ausgesäit ass nach net gewosst. De Marc Burelbach an de Joé Feiereisen hunn dëse Veräin méi genee ënnert d'Lupp geholl an hunn nawell vill Geschichte fonnt, déi ee kéint erzielen.

Do wier zum Beispill d'Geschicht vun dem 52 Joer ale Veräin aus der Abteistad selwer, déi vum éiwegen Underdog, dee sech géint déi iwwermächteg Veräiner ze beweise probéiert. Oder déi vun der Famill Bollendorff, déi mat ganzer 11 Lizenzen am Veräin aktiv ass.

Mir wëllen eis an dësem Reportage mat 2 Geschichten auserneesetzen.

An de leschte Joren huet den Opsteiger an d'Nationaldivisioun vum Dammevolleyball um Enn vun der Saison ëmmer nees missen de Wee zréck an d'1. Divisioun goen. Déi lescht Ekipp, déi et fäerdeg bruecht hat, sech nom Opstig an der héchster Spillklass ze halen, war de VC Stroossen 2015.

Op erfuere Spillerinnen zréckgräife ze kënnen, ass Eng vun de Méiglechkeeten, déi engem Veräin, wéi Iechternach, kënnen hëllefen, sech ze halen, an ass och wichteg, fir datt déi Jonk sech kënnen orientéieren, fir sech weider ze entwéckelen.

An domat kéime mer bei eis zweet Geschicht an zwar déi vun der erfuerener Mamm, déi hirem eréischt 14 Joer jonke Meedchen hir Erfarunge weidergëtt. D'Véronique Philippe huet sech dem Challenge gestallt, fir mat Iechternach de Maintien ze packen.

Déi fréier Championne mam VC Mamer stellt, wat de Volleyballsport ugeet, verschidden Ënnerscheeder par rapport zu fréier fest. Beispillsweis huet den Drock um Service enorm zougeholl.

Eng wichteg Roll an der Saison wäert och d'Emma van Elslande nach spillen. Gebuer an enger Volleyballsfamill probéiert si, souvill wéi méiglech vun hirer Mamm ze léieren.

Bis ewell sollt et nach net duergoen, fir e Match ze gewannen. Et feelt nach un der Konstanz, mee zu Iechternach si se awer zouversiichtlech.

Um Beispill Stroossen gesäit een och, datt et méiglech ass, fir sech nom Opstig halen ze kënnen, a sech och laangfristeg ze etabléieren.