E Sonndeg gouf et am Dëschtennis beim Critérium National Victoirë vum Irfan Cekic a vum Danielle Konsbruck.

Nodeems e Samschdeg Eliminatoirë gespillt goufen, huet sech e Sonndeg d'Elite aus dem Lëtzebuerger Dëschtennis Rendezvous ginn, fir ëm den éischte groussen Titel vum Joer ze kämpfen.

Den Irfan Cekic konnt sech an der Finall vun den Häre mat 4:1 géint de Christian Kill duerchsetzen. An der Halleffinall hat sech den Cekic mat 4:0 géint den Evgheni Dadechin duerchgesat an de Christian Kill konnt sech an der Halleffinall mat 4:1 géint de Kevin Kubica duerchsetzen. Am Match ëm déi 3. Plaz konnt sech den Dadechin mat 4:3 géint de Kubica behaapten.

D'Placéierunge vun den Hären am Iwwerbléck

1 CEKIC Irfan (Houwald)
2 KILL Christian (Lénger)
3 DADECHIN Evgheni (Iechternach)
4 KUBICA Kevin (Iechternach)
5 SCHWARZ Michael (Berbuerg)
6 DIELISSEN Marc (Houwald)
7 HEOW Colin (Hueschtert-F.)
8 DUVAL Célian (Lëntgen)

Bei den Damme konnt d'Danielle Konsbruck sech an engem ganz héichklassege Match mat 4:2 géint déi grouss Favoritin, d'Sarah de Nutte duerchsetzen. Mee och virdru war et schonns spannend, well d'Danielle Kosnbruck hat sech an der Véierelsfinall an engem genau sou spannende Match mat 4:3 géint hir Teamkomerodin Tessy Gonderinger duerchgesat. An der zweeter Halleffinall hat sech d'Sarah de Nutte mat 4:0 géint d'Carole Hartmann duerchgesat. Am Match ëm déi 3. Plaz gouf et dunn och eng 4:1-Victoire fir d'Tessy Gonderinger.

D'Placéierunge vun den Dammen am Iwwerbléck

1 KONSBRUCK Danielle (Rued)
2 DE NUTTE Sarah (Ettelbréck)
3 GONDERINGER Tessy (Rued)
4 HARTMANN Carole (Iechternach)
5 MEYER Sarah (Houwald)
6 GREIN Lena (Nidderkäerjeng)
7 HAAN Simone (Hueschtert-F.)
8 CAMERLYNCK Chiara (Houwald)