Volleyball Challenge Cup
Damme vum Chev ouni Chance géint Piräus

© Laola1.tv (Screenshot)
Si verléieren um Mëttwoch den Owend kloer an 3 Sätz géint Olympiakos. D'Häre vu Fenteng hunn och an 3 Sätz géint Lissabon verluer.
Si haten et schwéier, d'Damme vum Chev Dikrech, hire Géigner war einfach ze staark a virun allem an den zwee éischte Sätz huet Olympiakos Piräus kuerze Prozess gemaach: 25:4 a 25:2 goungen déi aus.
Deen drëtte Saz war e bësse manner däitlech, awer ëmmer nach kloer: 25:12.
An der 1. Ronn vum Challenge Cup musse sech déi Dikrecher Dammen also kloer 0:3 geschloe ginn.
Um 20 Auer hunn d'Hären vum SC Portugal Lisboa géint de VC Fenteng gespillt. Och hei gouf et eng Defaite an 3 Sätz (25-23,25-19,25-19).
Am meeschte gelies