D'Association Sportive Centre de Tromatologie et de Revalidation hat op hiren Dëschtennistournoi invitéiert, bei deem och 2 Lëtzebuerger matgespillt hunn.

Gewonne gouf den Tournoi vum Belsch Arnaud Duquesne a Plaz 2 ass fir de Lëtzebuerger Jeannot Dostert. Drëtte gouf de Belsch Maxim Deroy, virum Bruno Gailly an dem Michel Lambert.

De Lëtzebuerger Roby Mangen koum op Plaz 6, virum Hollänner Mark Alberti an dem Belsch Quentin Haustenne.