E Mëttwoch den Owend war um Hesper Holleschbierg den Optakt vun de Retourmatcher am europäeschen Challenge Cup am Volleyball.

Den Doublégewënner vun der leschter Saison, de VC Fenteng hat den Allersmatch zu Lissabon mat 0:3 verluer, ma si haten hei nawell eng gutt Leeschtung gewisen, déi nach liicht Hoffnung ginn huet, fir e Mëttwoch den Owend villäicht awer nach virun ze kommen.

Dorausser gouf näischt. Mat engem kloren an identesche Score wéi am Allermatch verléiert Fenteng och doheem géint de Sporting CP an ass raus aus dem Challenge Cup mat 12:25, 15:25 an 12:25.

Am éischten an am drëtte Saz kruten déi Fentenger grad mol 12 Punkten. Am zweete Saz waren si bis 14:14 nach gutt am Match dran, éier d‘Portugisen den Tempo ugezunn hunn an um Enn kloer mat 25:15 ofgeschloss hunn.

En Donneschdeg den Owend um 19.30 Auer spillen dann d'Damme vum Chev Dikrech hire Retourmatch géint den Titelverdeedeger Olympiakos Piräus. Am Allersmatch gouf d'Ekipp aus Lëtzebuerg komplett iwwerrannt, huet mat 0:3 verluer an elo hofft een op ee bessert Resultat am Retourmatch. Och dëse Match kënnt Dir dann am Livestream op RTL.lu kucken.