Nom 0:3 am Allersmatch scheet de CHEV Dikrech soumat aus dem Challenge Cup aus.

No der däitlecher Néierlag am Allersmatch virun enger Woch wollte sech d'Damme vum CHEV Dikrech um Donneschdeg am Retour-Match virun eegenem Publik verbessert presentéieren.

Dëst sollt hinnen awer nëmmen zäitweis geléngen. Am éischte Saz konnten déi Dikrecher Dammen net mam Titelverdeedeger mathalen, sou dass dësen um Enn zimlech däitlech mat 25:12 un d'Damme vu Piräus gaange war.

Am zweete Saz konnten d'Lëtzebuergerinnen am Ufank gutt mam Favorit mathalen a sou ware si beim Stand vun 11:12 op just engem Punkt un de Griichinnen drun. Duerno hunn d'Gäscht de Lëtzebuergerinnen awer keng Chance méi gelooss, sou dass den zweete Saz mat 14:25 aus Sicht vun den Dikrecher op en Enn gaange war.

Am drëtte Saz hunn d'Lëtzebuergerinnen et nach eng Kéier probéiert, ma um Enn huet sech awer den Titelverdeedeger aus Griicheland konnten an dräi Sätz duerchsetzen. Den drëtte Saz sollt um Enn mat 25:17 fir de Favorit op en Enn goen.

Soumat verléiert de CHEV Dikrech nom 0:3-Allersmatch och am Retourmatch mat 0:3 a scheet soumat um Enn kloer géint den Titelverdeedeger aus.