Houwald souverän, Diddeleng klappt Iechternach

© pressphoto (archiv)
Um 7. Spilldag gewënnt Diddeleng mat 6:4 géint Iechternach an Eiter/Waldbriedemes an Hueschtert/Folscht mat trenne sech 5:5.
Houwald - Berbuerg 6:1
Eng relativ kloer Victoire gouf et e Sonndeg fir den DT Houwald. D'Ekipp ëm den Irfan Cekic konnt sech nämlech mat 6:1 géint Berbuerg duerchsetzen. Den eenzege Punkt fir Berbuerg konnt de Mirko Habel realiséieren, dat duerch eng 3:1-Victoire géint de Luka Bakic.
Eiter/Waldbriedemes - Hueschtert/Folscht 5:5
Et war e ganz spannende Match tëscht deenen 2 Ekippen. Nodeems eng Ekipp a Féierung gaangen ass, konnt déi aner am Match drop ëmmer nees direkt ausgläichen. Bei Diddeleng konnt de Colin Heow seng 2 Matcher fir sech entscheeden a seng Teamkollegen, Olivier Joannes an Tim Janssens, hunn jeeweils 1 gewonnen an 1 verluer. Bei der Heemekipp war et déi nämlecht Konstellatioun: De Mickael Fernand huet seng 2 Matcher gewonnen an den Daniel Wintersdorff an Olga Nemes jeeweils 1 gewannen an 1 verléieren. Den Olga Nemes (Eiter/Waldbriedemes) an de Jerry Koob (Hueschtert/Folscht) hunn hir 2 Matcher verluer. Sou ass et dunn an d'Dubbele gaangen mee och do ass keng Etscheedung gefall an et ass mat 5:5 op en Enn gaangen.
Iechternach - Diddeleng 4:6
Och tëscht Iechternach an Diddeleng ass et nawell enk hiergaangen, mee Diddeleng konnt dëse Match an der Schlussphase dann awer ganz souverän fir sech entscheeden. De Gilles Michely an de Zoltan Fejer-Konnerth hu mat all kéiers 2 Victoiren fir dësen Erfolleg gesuergt. Hiren Dubbel hunn déi 2 zwar verluer mee de Fabi Santomauro an de Vincent Kempf hunn hire gewonnen an hu soumat dës Partie entscheet.
Scho leschte Weekend konnt sech Rued op engem virgezunnene Match vum 7. Spilldag mat 6:0 géint Nidderkäerjeng duerchsetzen.