An der Coupe d'Europe am Volleyball ass et fir déi zwee Lëtzebuerger Vertrieder nom éischten Tour schonn eriwwer.

D'Géigner ware fir de VC Fenteng bei den Hären an och de CHEV Dikrech bei den Dammen einfach ze staark.

De Géigner vun de Fentenger Hären war de Sporting Lissabon, eng routinéiert Ekipp, wou och fréier Vedetten, wéi de gebiertege Kubaner Marshall an de Brasilianer Wallace, am Kader stinn. Déi Fentenger konnten am Allersmatch a Portugal nach ganz gutt mathalen an haten de Favorit no un engem Sazverloscht. Datt et géing schwéier ginn, war dem Tom Engeldinger a senger Ekipp am Virfeld bewosst an esou war hir Zilsetzung dann och ganz realistesch, si wollte sou gutt wéi méiglech spillen a Spaass hunn.

Am Retourmatch hunn d'Gäscht hir Erfarung ausgespillt an déi Fentenger ëmmer nees zu Feeler gezwongen. Eenzeg am zweete Saz konnten d'Haushäre bis 14:14 mathalen éier si dem drockvolle Service vum Brasilianer Angel net méi konnten de Bass halen. D'Stëmmung um Hesper Holleschbierg war awer excellent, wat virun allem un de portugisesche Supporter loung. Elleng dat ass eng Erfarung, déi en ouni Coupe d'Europe zu Lëtzebuerg éischter seelen erliewen dierf.

Och zu Dikrech war d'Stëmmung no der zweeter 0:3-Defaite bannent enger Woch ganz gutt. Hire Géigner war keen aneren ewéi den Titelverdeedeger Olympiacos Piräus, dee mat sëllech Nationalspillerinnen aus der ganzer Welt ugereest war. Datt d'Stëmmung bei den Dikrecher Spillerinnen nom Match esou gutt war, louch haaptsächlech dorunner, datt si hiert Resultat vum Allersmatch méi wéi guttmaache konnten. Mat 1 Meter 83 am Schnëtt vis à vis vun 1 Meter 75 waren d'Moosse kloer verdeelt. Dobäi kënnt dann nach eng besser Sprongkraaft an esou haten déi Dikrecher dacks keng Chance géint de griichesche Block.

D'Dikrecher Meedercher hunn awer gekämpft an hire Coach Massimo Tarantini hat si gutt agestallt, esou datt sech de Supporter vill flott Echangë gebueden hunn. Mat 12,14 a 17 Punkte konnt Dikrech hire Score vu Saz zu Saz verbesseren an domat konnte si hiren éischten Optrëtt um europäesch Plateau zefridden ofschléissen.

Esou eng Participatioun ass fir e Lëtzebuerger Veräin awer net einfach ze stemmen. Nieft de Lizenzkäschten kommen och den Deplacement, den Hebergement an déi Medial Obligatiounen dobäi. An natierlech ganz vill Benevolat.