Dammen-Nationalekipp verléiert 0:3 géint Däitschland

An der Qualifikatioun fir d'Ekippen-Europameeschterschaft 2019 hat Lëtzebuerg en Dënschdeg den Owend keng Chance géint de Vize-Europameeschter.
Fir Lëtzebuerg hunn zu Bad Homburg gespillt: Sarah de Nutte, Sarah Meyer an Danielle Konsbruck. Hir Resultater:
Meyer Sarah (ER 138) - Solja Petrissa (ER 11) 0:3 (-4, -4, -6)
de Nutte Sarah (ER 22) - Lang Kristin (ER 53) 1:3 (-13, 7, -12, -8)
Konsbruck Danielle (ER 81) - Mantz Chantal (ER 97) 0:3 (-5, -7, -4)
D'Ni Xia Lian huet net matgespillt, si preparéiert sech op 4 ITTF-Turnoien.
An der Grupp A1 steet Däitschland domat als Gewënner fest.
Lëtzebuerg spillt de 4. Dezember nach doheem géint den Aserbaidschan, géint deen am Aller 3:0 gewonne gouf.
Mat enger zweeter Plaz wier Lëtzebuerg direkt fir d'EM-Finallronn qualifizéiert.
D'Gruppespiller bis elo:
27.02.2018: Däitschland - Aserbaidschan 3-0 (Dessau)
27.03.2018: Lëtzebuerg- Däitschland 1-3 (Munneref)
22.05.2018: Aserbaidschan – Lëtzebuerg 0-3 (Baku)
02.10.2018: Aserbaidschan – Däitschland 0-3 (Baku)
20.11.2018: Däitschland– Lëtzebuerg 3-0 (Ober-Erlenbach)
04.12.2018: Lëtzebuerg– Aserbaidschan (Hesper)
PDF: "Die Deutschen etwas geärgert" - de Communiqué vun der FLTT.