Internationalen Handball-Kongress zu Paräis

Foto: Jérôme Pauls, Dr. Romain Seil, Eric Besenius, Dr. Daniel Theisen.
De leschte Weekend war zu Paräis en internationale Kongress iwwert d’Medezin am Handball.
2017 war esou e Kongress zu Lëtzebuerg gewiescht. D'Ekipp vum "Luxembourg Institute of Research in Orthopedics, Sports Medicine and Science" zesumme mam "Luxembourg Institute of Health" hat deemools esou e gudden Job gemaach, datt déi Franséisch Handball-Federatioun si an den Organisatiounscomité op Paräis nominéiert huet. De Jérôme Pauls huet e Workshop iwwer de Retour no enger Blessure am Sport geleet.
Dem Dr. Romain Seil säin Thema war «Retour au sport et devenir un athlète d'élite après une lésion du ligament croisé antérieur pédiatrique et de l'adolescent - Preuves actuelles et orientations futures ».
Den Dr. Daniel Theisen an den Eric Besenius waren allebéid Member vum wëssenschaftleche Comité vum Kongress.
Et kënnt net dacks vir, datt eng Ekipp vum LIH (Luxembourg Institut of Health) am Ausland esou eng Plattform kritt, sot de Pr. Dr. Romain Seil, deen am Mee 2018 zu Hamburg als President vu GOTS, der „Gesellschaft für Orthopädisch-Traumatologische Sportmedizin" gewielt gouf.
Dëschtennis-Kongress

Den nächste Freideg a Samschdeg ass zu Lëtzebuerg den Internationalen Dëschtennis-Kongress. Hei gëtt Praxis a Wëssenschaft matenee verbonnen. De Guy Seyler huet sech mam Prof. Dr Axel Urhausen driwwer ënnerhalen.