Kann den Davis-Cup-Match géint d'Ukrain an der Coque gespillt ginn?

Nach am Februar dëst Joer gouf d'Partie géint Litauen an der Coque gespillt.
Am Februar spillt Lëtzebuerg am Tennis Davis Cup am Play-Off fir am Weltgrupp 1 ze bleiwen, géint d'Ukrain.
Bis elo ass et nach net sécher, datt de Match an der Coque ka gespillt ginn. D'Coque gëtt nämlech ëmmer méi sollicitéiert an doduerch kënnt et dann och zu Enkpäss. Fir de President vun der Tennis Federatioun Claude Lamberty ass dat ee Problem, deen an Zukunft net méi kleng dierft ginn. Fir hie misst een driwwer nodenken, ob et net Sënn géif maachen, fir d‘Coque ze vergréisseren.
Well déi Lëtzebuerger Ekipp den Ament am Weltgrupp 1 spillt, ginn d'Fuerderunge vun der internationaler Tennis Federatioun, wat de Spillsite ugeet, ëmmer méi grouss. Dat geet iwwer Sëtzplaze bis hin zu der Beliichtung.
Am Februar spillen d'Lëtzebuerger elo géint d'Ukrain. Wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun kënnt zousätzlech Aarbecht op déi Lëtzebuerger Federatioun duer. Hei wäerten deemnächst ënnert anerem, Rendez-vouse mat der Police um Programm stoen.
De Claude Lamberty geet dovunner aus, datt een an zwou bis dräi Wochen den definitiven Accord kritt, fir an der Coque kënnen ze spillen.